LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Zéi bis zéien (Bd. 4, Sp. 489b bis 490a)
 
Zéi III F.: «Zugschnur» (z. B. an der Wasserspülung der Toilette, am Lichtschalter) — dafür auch: Zéischnouer F. (s. d.).
 
Zéi IV F. — s. Zéiplooschter.
 
Zei I F., Zeien (lok. Arlon: Zäen) M. u. F.: 1) «Zeuge, Zeugin» — ech muss mat op d'Geriicht fir Zei (Zeie) gon (als Zeuge auftreten) — ech sin (si mat) Zeien, dass et esou as — hien huet et bei Zeie(n zou) gesot — ech loossen et op d'Zeien ukommen — hien hat vill Zeie géint (fir) sech; 2) — Zeien Pl.: «Zeugen» (Ziegelscherben, Schiefer usw. unter dem Markstein, damit man später sehen kann, ob der Markstein nicht verrückt wurde) — cf. zeien;
 
Zeie(n)- -ausso F.: «Zeugenaussage»; -äd M.: «Zeugeneid» — Ra.: Z., Spëtzbouwenäd — cf. Äd, Gafel sub 5); -geld N.: «Zeugenentschädigung» — du hues däin Z. nët verdéngt (C); -loun, Zeierloun M.: «Zeugenentschädigung»; -prozess M. — in der Ra.: Z., Spëtzbouweprozess — cf. -äd;
 
Zei II weiblicher Vorname: «Luzia» — s. Lazei — dazu: Zeiendag M. — s. Lazeiendag — Volksglaube (C): feelt Z. op e Freideg, dann as et en Onglécksdag.
 
Zéidech (Ton: 1) F.: «Gummizug, elastische Schnur» — cf. Zéi III.
 
zeideg, -ig (Var. Nösl.: zëgdig, Westösl.: zegdeg, Wiltz: zegdisch, Swesten: zëddeg, zeddeg, -ig — dem deutschen Wort «reifen» entspricht: zeideg gin, zeidegen) Adj.: «reif» — d'Fruucht as beieneen z. (gin — reifte gleichzeitig) — de Schwier as z. (bricht bald auf) — wat zevill fréi zeddeg gët follt (fault) liicht — ech gesin u ménge Biren, wann dem Noper séng z. sin (s. Bir sub 1) — hien as z. fir op Ettelbréck (reif fürs Narrenhaus) — hie war schéin z. (stark betrunken) — d'Kanner sin z. fir an d' Bett (müde) — en as fréi z. (frühreif).
 
zeidegen (Var. s. d. Vor.) intr. Verb.: «reifen» — bei deem Wieder z. d' Drauwe gutt — bei esou schlecht (bei deem schlechte) Wieder zeidegt näischt — Wetterregel: Jokobsdag zeidegt de Weess souvill an der Nuecht wéi am Dag — s. Jokobsdag.
 
Zeidéng, Zëddéng, ZeidongF.: «Nachricht, Mitteilung» — eng schlecht Z. kënnt ëmmer fréi genuch [Bd. 4, S. 490] — ech hun em Z. geschéckt — cf. Uerder sub 2).
 
Zeidong, Zeidonk, Zeitung F.: «(Tages-)Zeitung» — eng Z., déi all Dag, all Woch, all Mount kënnt — ech hat emol nach keng Zäit, fir d'Z. ze liesen — eng Z. bestellen (abonnieren), ofbestellen — deen as al an der Z. geschleeft gin — hie schreift an d'Z. — Wahrscheinlichkeitskriterium: et stoung an der Z. — Zussetz.: Duerfzeidong (Klatschbase);
 
Zeidongs-/Zeitungs- -buttéck M.: «Zeitungsladen»; -dréckerei F.: «Zeitungsdruckerei»; -dréier M., -dréiesch F.: «Zeitungsausträger(in)»; -fra F. — s. d. Vor.; -geld N.: «Abonnementspreis»; -gestreits, -gestritts N.: «Zeitungspolemik»; -kiosk M.: «Zeitungskiosk»; -kla(a)tsch M.: «Zeitungsklatsch»; -mann M. — s. -dréier; -pabeier M.: «Zeitungspapier»; -prozess M.: «Presseprozeß» (Wb. 06); -redakter M.: «Redakteur» — dazu: Zeidongsredaktioun F.; -roman M.: «Zeitungsroman» — dafür auch: de Roman ënner dem Stréch; -schreiwer M.: «Zeitungsschreiber» (abfällig) — auch für «Lokalberichterstatter»; -stänner M.: «Zeitungsständer» (Möbel).
 
Zéidraach M.: «Zedrach» (Melia azedarach) — s. Séidraach.
 
Zéider, Zidder F.: «Ortscheit, Zugscheit» (Wb.06 — kleiner, zum Anbringen der Zugstränge dienender Schwengel — cf. Héissenholz) — C: da kënns de den Z. huelen (Einladung zu einem Schnaps an den Fuhrmann, der eine Fahrt besorgte) — mir kommen den Z. sichen (ein Glas Schnaps trinken) — cf. Zieder II.
 
zéieg, -ig Adj.: «zäh, dehnbar» (eigtl.: zähig) — z. Zockerbounen — eng z. Zockerstaang — Nösl.: zéiigen Zaroup.
 
zeien (lok.: zeën, Arlon: /tsεən — Part. Prät.: geziën, lok. [C]: gezijen) intr. Verb.: «als Zeuge auftreten» — hie wor mat z. (mat als Zeien) — ech kann (dofir) z. (es bezeugen) — Zussetz.: bezeien.
 
zéien (Var. Nösl.: /tseijə[n], Nordwestösling: /tsijə[n] — Südwestösl.: /tsiŋən, Mittelösl., lok.: /tsi:ən, Südösl., Echt., lok. Osten, gemein gutländisch: /tseiən, Südwesten lok.: /tsOiən — Konjug.: Ind. Präs.: du zéis, hien zéit, du zitts, hien zitt — du tseiçs, tsiçs, tsi·s, tsiŋs, tséis, tsits, tsOis — Ind. Prät.: tsuç, tsouç, tsoux tsuŋ; Konj. Prät. [Ösling]: tsiç, tseiç, tsiç, tsuŋ; Imperativ: tseiç, tsiç, tsi·, tsiŋ, tsei, tsoi; Part. Prät.: gezun[n], gezugen, Nösl.: gezujen, gezungen) trans./intr. Verb.: 1) «ziehen» — d' Päerd zitt de Won — hien zéit um Seel — den Damp zéit iwwer d'Gewan — een zitt hott, deen aneren har — de Magnéit zitt d'Eisen (un) — 't zitt näischt mech dohinner — d'Päerd zitt nom Stall (nach Hause) — den Otem (déif, schwéier) z. — bursch.: hien huet vergiess den Otem ze z. (er ist gestorben) — 't kritt een emol keng Zäit fir (den) Otem ze z. (zum Ausruhen) — et zitt eppes u mer, ech muss heem — de Péilchen z. (beim Messerspiel) — hie léisst sech mam Ouer z. (er läßt sich bitten) — e léisst sech d'Haut iwwer de Kapp z. (er gibt alles her, was man von ihm verlangt) — dee léiss sech éier d'Haut iwwer de Kapp zéien ewéi eppes zum beschten ze gin (er ist sehr geizig) — zéi (d'Getten)! (hau ab!) — du zitts nom Läinduch, du zitts nom Këpp (wenn jem. gähnt, müde ist) — mat engem z. (mit jem. umherziehen, eine Liebschaft mit jem. haben) — hatt as laang mat deem gezunn (an 't huet en awer nët kritt) — — dorëmmer z. wéi d'Zigeiner — en zitt dorëmmer a verkeeft Stréckelen — een hannen eriwwer z., iwwer d' Brëtsch, de Knéi z. (den Hintern versohlen) — en Zant z. (rappen) — e Krees z. (Kreis zeichnen) — eng Fur (Furche) z. — Raa.: e Fraleitschor zitt méi wéi e Wissbaamsseel (Klackeseel) — wie (dee) mech geléiert huet z., huet mech och geléiert zréckhalen — Bauernregel: (wann s') uewe bléien, (kanns d') ënnen z. (wenn die Kartoffeln blühen, kann man die ersten Knollen ernten) — den Aachen zitt Waasser (der Nachen ist leck) — hien zitt Waasser (er zieht sich zurück, steht nicht mehr zu seinem Wort) — d'Sonn zitt Waasser — d'Wonn, de Schwier (Geschwür) zitt — eng Plooschter fir ze z. (cf. Zéiplooschter) — un engem (betont) Strack z. (eigtl. u. übtr.) — en huet e puer déck Sträpp (un der Päif) gezunn a gong virun — en Nol zitt nët gutt an alem Eechenholz (Eichenh. — dringt schlecht ein) — den Hummer zitt nët (federt nicht) — eng Rutt, déi gutt zitt — den Hauszëns z. (vun engem Haus) — Geld aus eppes z. — hien zitt vill (Geld) aus deem Geschäft (eraus) — Rechtsspr.: de Buedem [Bd. 4, S. 491] zitt de Bau — de Kaffi, den Téi muss nach z. — de Paltong z. (liebedienern) — engem de Wuurm z. — een aus der Patsch z. — hie weess, wat en zitt (fordert) — wat huet den Dokter gezunn? — wann ee bedenkt, wat esou e Mënsch haut fir e Loun zitt! — en hat de Streech scho gezunn (schon zum Schlag ausgeholt); 2) «in die Länge ziehen, dehnen» — Käerzen z. — eppes an d'Längt z. — hien zitt d'Wierder esou — en zitt all Wuert wéi Gummi, wéi Knätsch (Kaugummi) — Drot z. (spannen), fir en Zonk ze maachen; 3) «verziehen» — en as op (no) Lëtzebuerg gezunn — si sin an Amerika gezunn; 4) «Absatz finden, wirksam sein» — gutt Wuer zitt wéi klorrosen (findet reißenden Absatz) — op där Plaz zitt de Buttéck nët — esou Saachen z. haut nët méi (finden keinen Absatz mehr) — zéie wéi de kalvinesche Glaf (lok. Esch/Alz.: raschen Absatz haben) — übtr.: dat zitt nët bei mir (ich lasse mich nicht beeindrucken, ich gehe nicht darauf ein, ich gehe nicht auf den Leim) — déi Tricken z. hei nët (dsgl.); 5) «auslosen, das Los ziehen» — d'Lotteri gët an aacht Deg gezunn — kuurz odder laang z. — zéi der eng Kaart! — de Kiirzten z. — fréier hun d'Jonge missen zéie gon (fir bei de Kontingent — wurden ausgelost zum Militärdienst) — hien huet de Biddi (s. d.) gezunn — sech drun z. (durch Einfältigkeit hereinfallen); 6) «wiegen» — de Fësch zitt ëmmer fënnef Pond — d'Schwäin huet zwéin Zenner (u-)gezunn — cf. unzéien sub 8)a.; 7) in den Wendungen: een z., engem eng z.: «verulken, zum Besten halten» — wien zitt hei wien? — du wëlls mech jo nëmmen z. — looss dech nët z.! — een op d'Broscht z. (zurechtweisen, durchprügeln) — wann et nët besser geet, z. ech dech emol op d'Broscht — beim Rauchen: op d'Broscht z.; 8)in der Wendung: een z. (coire); refl.: 9) (zeitlich u. örtlich) — dat zitt sech (an d' Längt) bis dohin — de Stoff zitt sech — den Damp zitt sech iwwer d'ganz Géigend — et zitt sech nach (es dehnt sich noch) — d'Strëmp z. sech dem Fouss no — cf. sech ergin sub A.3); 10) «sich zur Seite stellen, aus dem Wege gehen» — zéi dech, soss trieden ech dech op d'Féiss! — zéi dech (op d' Säit)! — zéi dech, soss gët et dech! — zéi dech, ech gesinn näischt! — cf. aus de Féiss goen; 11) «sich drücken» — en zéit sech fir ze bezuelen — en zitt sech bei der Aarbecht; 12) unpersönlich: «schmerzen, reißen» — et zitt mech an alle Glidder; 13) a. intr.: «Durchzug sein» — hei bei der Fënster zitt et; b. trans.: «Zug haben» — d'Päif, de Kamäin, de Kulang, den Oflaf, den Uewen zitt nët richteg — den Uewen zitt ewéi eng Häll — Zussetz.: an-, aus-, auserneen-, beieneen-, be-, bäi-, ëm-, er-, eran-, eraus-, erbäi-, erëm-, erfort-, eriwwer-, erof-, erop-, erun-, ewech-, dran-, drun-, fort-, lass-, mat-, no-, of-, op-, ver-, vir-, virun-, un-, zesummen-, zou-, zréckzéien — cf. Abzebild (Absebild — Bd I, S. 11), Däiwel sub 1)b., Hoffnung, Dar sub 1), Wurem.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut