LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Zelsia bis Zéngt, Zéngten (Bd. 4, Sp. 492b bis 493b)
 
ZelsiaF.: «Name einer Kartoffelsorte».
 
Zelt (Pl. Zelter) N.: «Zelt» — en Z. opschlon — am Z. (an den Zelter) schlofen — Zussetz.: Fest-, Chef-, Schlof-, Wunn-, Zirkuszelt — dazu: Zeltbahn F.; -fest N.; -staang F.
 
Zement (Var.: Zemäänt, Zemënt, Ziment) M.: «Zement» — belschen, lëtzebuergeschen, lottréngeschen, franséischen Z. — wäissen Z. — e Sak Z. — an deer Mauer as den Z. nët gespuert gin — maach méi Z. an d'Speis! — Mischung (z. B.): dräi Schëppe Sand an eng Schëpp Z., eent zu dräi; [Bd. 4, S. 493]
 
Zement(s)- -sak M.: «Zementsack»; -stëbs, Zementestëbs N.: «Zementstaub»; -tut F.: «Zementsack aus Papier»; -wierk N.: «Zementwerk»; -zill F.: «Zementziegel».
 
zementéieren, zimentéieren trans. Verb.: «zementieren» — Verbadj.: zementéiertZussetz.: auszementéieren.
 
zementen, zimenten Adj.: «aus Zement» — en zemente(ne) Plaffo(ng) — eng z. Zill.
 
Zeminär (tse-, tsə-) M. — s. Sëminär.
 
Zeminarist M. — s. Sëminarist.
 
Zëmmer N. u. F.: 1) «Zimmer» (im Vordringen, sonst meist: Kummer — s. d.) — eng Wunnéng mat dräi Zëmmer(en) — ech hu mäin Z. (fir mech) — kann ech mam Jhang schwätzen? gitt bis erop, en as um Z. — si hun Zëmmeren ze verlounen (vermieten) — en as bei hinnen um (op dem, der) Z. — Zussetz.: Bued-, Schlof-zëmmer; 2) «Soldatenstube» — cf. Stuff sub 3), Bud sub 2), 3).
 
Zëmmerplanz F.: «Zimmerpflanze» (Neol.).
 
Zëmmertemperatur F.: «Zimmertemperatur» (Neol.).
 
Zëmmes (lok.: Zimmes) M.: «Zeug aus Baumwolle und Leinen» (selbstgewebt — Wb.06) — bloen Z. — auch adjektiv.: en zëmmësse Rack — cf. Schamass.
 
zëmperen, zëmpen refl./intr. Verb.: «sich zieren» — deen huet nach Ursaach sech ze z. — do gezëmpert kommen — C: et stät deem wol oan sich ze zëmpen bäi seim Alter.
 
zëmperlech, -lich Adj.: «zimperlich» — eng z. Pëppchen (Püppchen) — 't duerf een nët esou z. (ze) sin — dazu: Zëmperlechkät, -keet F.
 
Zëmpernellchen F. — s. Pëmpernell (-chen).
 
Zëndel M.: 1) «Brandglocke» (lok. Ostrand); 2) (lok.) «Bezirk St. Gangolf in Trier».
 
Zëndhittchen M.: «Zündhütchen» — cf. Zënnlach, Zënnpännchen.
 
Zëndschnouer F.: «Zündschnur» — cf. Wick I, Zämschnouer.
 
zéng (phV. s. Ltb. 28) Num.: «zehn» (Kardinalzahl) — déi z. Geboter (zehn Gebote) — dat Framënsch schafft fir hirer z. — si haten ëmmer fir z. gekacht (für wenigstens zehn Personen) — 't as nëmme fir hirer z. gekacht — hatt huet der z. (scil.: Libhaber) un all Fanger — lok. Echt.: zéin- an honnertmol hoan ich him et gesot — Zussetz.: dräi-, véier-, fof-, siech-, siwen-, uecht-, non(g)zéng — in Zussetz.: gelegtl. lok. verkürzt zu zë, z. B. Hobscheid: dräizë, Nösl.: dréckse — Ordinalzahl: zéngt, zéngten — dat zéngt Gebott — den zéngte vum Mount — lo hun ech der et ewell fir d'zéngt gesot — Scherzrätsel: en as ounéi Ierfsënn gebueren, huet Gott gedéngt a kann dach nët an den Himmel, nët an d' Häll an nët an d'Feegfeier kommen. Wien as dat? Antwort: den Iesel, en as an d'zéngt Gebot komm (MKr. Nr. 748) — substantiv.: Zéng(t), Zéngtchen F.: «die Zehn» (als Zahl [Kartenspiel]) — cf. Zaang I, Zéngter.
 
Zéng- / zéng- -auerbrout N., -auerkuuscht F.: «Zehnuhrbrot» — Spruch: Baartelméis (s. d.) frëscht d'Z. an den Nomëtteskéis (lok.: Contern); -auerpaus F.: «Zehnuhrpause» — cf. Paus; -erlä Adj./Adv.: «zehnerlei»; -frangmänner Pl. M.: «Stimmberechtigte z. Z. als der Wahlzensus zehn Franken betrug»; -frangschäin M.: «Zehnfrankenschein» (Papiergeld); -frangstéck N.: «Zehnfrankenstück» (Metallgeld); -sustéck N.: «fünfzig Centimestück, Zehnsousstück» (Metallgeld) — cf. Pies.
 
Zéngt, Zéngten M.: «der Zehnt, Zehnter» (ehemalige Abgabe an den Grundherrn) — fréier hun d'Leit den Z. missen ofliwweren — dazu:

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut