LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Zodiskréimer, -schléier bis Zonke(l)witzi (Bd. 4, Sp. 512a bis 513b)
 
Zodiskréimer, -schléier M.: «Radaubruder».
 
zoen intr. Verb.: «zagen» — nët gezéckt an nët gezot — Zussetz.: verzoen substantiv.: ouni Zécken an Zoen — cf. zo.
 
Zofdëpp(ch)en (lok.: Niederkerschen — Vierteljbl. 1936, Heft 5, S. 48 — Z'haufdëppen) N. — s. Ziessendëppen.
 
Zoffis. Soff II.
 
Zol, Zoll F. — s. Sole (wie frz.).
 
Zold M. — s. Sold.
 
Zolfääsch, -feesch M. — s. Solfège.
 
zolidd, solidd Adj./Adv.: «stark, kräftig» — en zolitte (zolidde) Bugger, Borscht — dat Haus as z. gebaut — eng z. Aarbecht — 't as z. geschafft.
 
Zolist M. — s. Solist.
 
Zolo M. — s. Solo.
 
Zoll I M.: 1) «Zollamt» — ech muss nach op den Z. goen; 2) «Zollgebühr» (dafür veraltet lok. auch: Toll) — ech hu vill Z. misse bezuelen — cf. Douane — dazu: zollfräi Adj.: «zollfrei».
 
Zoll II M.: «Zoll» (als Maß) — en Z. déck — cf. zëlleg — dazu: Zollmooss N. oder F.: «Zollmaß»; -staf M.: «Zollstab, Meßstab, worauf die Maße in Zoll bezeichnet sind» (Wb.06).
 
zolvabels. solvable.
 
Zolwer ON.: «Zolver» (frz. Soleuvre) — Dorf der Gemeinde Sassenheim, Kanton Esch — 478.
 
ZolwerapelM.: «Apfelsorte».
 
ZolwerbirF.: «Birnensorte».
 
Zolwerknapp M.: «Name eines Hügels bei Zolver» — Ra.: sou al wéi den Z. — sou héich wéi den Z. — in einem Gedicht von Dicks an Michel Lentz: Kuck, wou s de stees, a wat s de bas, den Z. as kee Parnass — Scherzrätsel: wat fir e Knapp néit (näht) een nët un eng Box? Antwort: den Z. (MKr. Nr. 768) — cf. Gr. 996, 1118.
 
zom (lok.) — s. zum.
 
Zomm (Dim.: Zëmmchen — Echt.: Somm [z-] — lok. auch wie frz.: Somme) F.: 1) «Summe» — eng déck, al, ronn, kleng Z. — kleng Zomme man déi déck — dat gët lues a lues eng Z. (Zëmmchen) — dat sin Zommen! 2) «Menge» (lok.) — eng Z. Aarbecht.
 
zommen trans./refl. Verb.: «(sich) summieren» — dat zommt sech — cf. sommen I.
 
Zommatioun F., zomméierens. Sommatioun, somméieren.
 
zompen I intr. Verb.: «schwerfällig einhergehen» (selten — C) — wann heen emol gezompt hoat, dann as en hei (C) — iër heen ousgetrappelt a gezompt hat — dazu: Zompert M.
 
zompen II (lok. — Westen: zoumpen) — s. tompen I — dazu: Zoump M. — s. Tomp.
 
Zompicht (lok.) F.: «Schläfchen» (C) — cf. Tomp.
 
Zong (Dim. Zéngchen, Zéngelchen — lok. Ostösl.: Zung — Ammenspr.: Schleek M. = Schnecke) F.: 1) a. «Zunge» — eng béis, gëfteg, geschlaffen, glat, reng, spatz, spëtzeg, uer(e)g Z. — eng gladdereg, glott (lok.: glat), glëschtereg, schnekeg Z. — mahnend zu einem Kind: hal déng Z. dobannen! (soss schneiden ech der s'of) — Arzt zum Patienten: weist mer emol är Z.! — et streckt ee kengem d'Z. eraus! — waart, ech son dem Paschtouer et, dee schuert der d'Zong (s. sub schieren — Drohung an Kinder, die die Zunge herausstrecken) — 't as alles gutt, wann et bis iwwer déi glat (glott) Z. as (C) — e geet mat der Z. iwwer de Buedem (er ist ganz erschöpft) — e war esou midd, e krut d'Z. nët méi rondëm — en huet d'Z. schwéier (die Sprache kommt ihm schwer, auch: ist betrunken) — hues de d'Z. verluer?, wou hues de d'Z. verluer? (du bist so schweigsam) — d'Z. am Zam halen — Echt.: d'Z. elelaang erausstreken (C: heißhungrig sein) — d'Z. hänkt him eraus (bis op den Nuebel, de Buedem — aus Begierde) — en hat d'Z. eraushänke bis op d'Knéien (bei großer Anstrengung) — en huet d'Z. bis op d' Knéien — ech hu mer d'Z. éimeg, wond geschwat, 't huet alles näischt gedéngt (sehr viel geredet) — deen huet der Doud op der Z. (ist sterbenskrank) — Hoër op der Z. (giftiges Mundwerk) — d'Häerz op der Z. (ehrlich, geradeheraus) — Ra.: wéi op der Long (s. d.), sou op der Z. — Spw.: Hunneg op der Z., Gal op der Long (Schmeichler) — vun der Long (s. d.) op d'Z. — d'Wuert loug mer op der Z., ech hat et op der Z. (ich war auf dem Punkt es zu sagen), awer ech hu mech am leschten Ament nach erbass an näischt gesot — 't läit mer op der Z. (ähnlich: d'Wuert leeft mer laanscht de Mond — ich finde im Augenblick das Wort nicht) — d'Wuert loug mer op der Z., ech kommen elo nët drop — lok.: d' Z. em eppes schloen (gierig verzehren) — Rätsel: 't as allzäit ënner [Bd. 4, S. 513] Daach an iewel allzäit naass? (MKr. Nr. 764) — kuck wéi d'Zéngelche schafft! (z. B. bei der Eidechse); b. «Klatschbase» — (béis) Zonge sin drun — uereg Zongen — cf. Doud, Hoër, Hunneg; c. «Zunge» (als Fleischgericht) — eng gedréchent, gereechert, gesolpert Z.; 2) «Zungenartiges» — a. «Zunge an der Waage» (oft das Dim.: Zéngelchen) — Rätsel: wat huet eng eisen Z.? Antwort: d' Wo (MKr. Nr. 723); b. «Zunge im Schuh» — d'Z. as lass, futti; c. «Scheidewand zwischen Rauchröhren in einem Schornstein» (Ga); d. (Druckerspr.) «verschiebbare Platte im Schiff, worin die Päck des Satzes stehen, Zunge beim Setzschiff»; e. «Trittbrett am Spinnrad» — cf. rond; f. «Zapfen im Doppeljoch»; g. «Zunge an Musikinstrumenten» — Zussetz.: Honds-, Kallefs-, Kanzen-, Rëndszong, Schneppenzong(en), Schwéiermammszongen.
 
Zongeschlag M.: «Zungenschlag» — e gudden Z. hun (a. redegewandt sein; b. flink beim Trinken sein; c. beim Spielen eines Blasinstrumentes) — eng Bees mat Z. (Zungenkuß).
 
Zonk (Pl. Zénk, lok Osten: Zoun, Pl. Zéin, lok. Ostösl.: Zunk, Pl. Zink. Westen: Zounk, Pl. Zéink) M.: «Zaun, Einfriedigung» — mir mussen en Z. rondëm de Gaart maachen — en Z. mat pickegem Drot, mat Maschendrot, en hëlzen (holzen) Z., en Z. mat Staangen, mat Brieder — en doudegen Z. (Ggs. zu lieweg Heck) — eng Saach iwwer den Z. räissen (überstürzen) — Raa.: wou den Z. niddreg as, spréngt jiddereen driwwer — eng uereg Fra as en Z. ëm d'Haus.
 
Zonk- -butz (-bitz[elchen], -kinnek, -schlëffer[chen], -schläferchen, -villchen, -witchen, -witzi, Zonke(l)witzi, Zonkebitchen) M.: «Zaunkönig» — cf. Maiskinnek; -männchen M.: «Zaunammer» (Emberiza cirlus); -rout (Nösl.) F.: «armdickes Stämmchen» (das zur Einfriedigung gebraucht wird) — 't se gout Zonkrouden, 't kann een se well firr Stippen huallen — 't se nëmmen Zonkrouden. -schéier F.: «Heckenschere» — cf. Heckeschéier; -schlëffer(chen) M.: 1)s. -butz; 2) «Heckenbraunelle» (Prunella modularis) — cf. Heckestéisserchen; -stack, Zonkestiek M.: «Stock einer lebendigen Hecke» (Wb.06 — nach Pletschette: Zaunpfahl) — Verwünschung: du solls vergoen (verderben) wéi en Zonkstack — e vergeet wéi en Zonkstack (er magert zusehends ab).
 
Zonke(l)witzi M.: 1)s. Zonkbutz; 2) «Goldhähnchen» (Regulus sp.).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut