LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Zoossiss bis Zorti, Sortie (Bd. 4, Sp. 513b bis 515a)
 
Zoossiss F.: «Wurst, meist Räucherwurst» (cf. Wurscht) — (Z. wurde im Ösling bis vor kurzer Zeit in dieser Bed. kaum gebraucht, dafür meist Wuuscht; Z. bezeichnete dort Wurstwaren vom Metzger, besond. Lyoner Wurst; im Gutland nur für Räucherwurst, Dauerwurst) — Z. maachen, dréchnen, kachen — gedréchent Z. — bescht Z. (Dauerwurst) — gekacht Z. (lok. für Lyoner Wurst — dafür lok. Nösl. auch: ruckt Wuuscht — rote Wurst) — en Daler, e Rondel, Rëndelchen, Wupp Z. — e Kranz Z. (Ösl.: Lyoner Wurst, im Gutland meist für Dauerwurst) — gréng Z. (a. nicht geräucherte Dauerwurst; b. cf. Wäinzoossiss) — Ga: kleng Zoossissen (Bratwürstchen — dafür heute: Wirschtercher, Wippercher, Stippercher) — bei hinnen as een och nët mat Zoossissen (mat Wurschten — s. d.) ugestréckt — Ra.: 't as nët de Gebrauch, datt een d'Honn mat Zoossissen ustréckt — Zussetz.: Baueren-, [Bd. 4, S. 514] Hausmaacher-, Kach-, Metzlesch-, Päerds-, Wäinzoossiss;
 
Zoossiss- -daler M.: «Wurstscheibe»; -flääsch, -fleesch N.: «Wurstfleisch» (vor allem zusätzlich beim Metzger gekauftes Rindfleisch); -kappM.: «wurstähnlicher Zipfel an der Zipfelmütze» (lok.); -maschin F.: «Wurstmaschine» — cf. Wurschtmaschin; -schmier F.: «Brot mit Wurstbelag» (lok.: Zoossisseschmier); -wupp (Dim. -wippchen) M.: «Wurstzipfel» — cf. sub Fues(ents)liddchen.
 
Zopp (Pl. Zoppen, Dim. Zëppchen [s. d.], Ammenspr.: Zëppi) F.: 1) «Suppe» — eng gutt Z. (Zëppchen) — eng agebrannt, geréischtert Z. (mit geröstetem Mehl) — eng gëllen Z. (s. Wäinzopp) — eng steif, déck Z. — eng erwiermt, gewiermt (aufgewärmte) Z. — eng gréng Z. (aus Grünzeug) — eng blann (s. d. sub 4) Z. — d'Z. erausschäffen (aus dem Suppentopf auf die Teller verteilen) — Ga: d'Z. schäffen (die Suppe anrichten, Fleischbrühe usw. über die Brotschnitte gießen) — d'Z. kachen, maachen (cf. sub 2) — d'Bomi as nach gutt fir d'Z. ze kachen — d'Z. steet um Dësch. dafür spaßh.: d'Z. as mëll — Z. mat Aen — si kucken em d' Ae vun der Z. (gönnen ihm das Essen nicht) — vun der Z. gët ee schéin (spaßh. Aufforderung zum Essen von Suppe) — d'Z. (auch: Iessen an Drénken) hält Läif a Séil zesummen — Echt. (C): en déck Z. stoppt Wuurmleecher (Wurmlöcher), hält d'Box erop — spaßh.: e Liter Waasser a sechs Pond Rëndfleesch gët eng gutt Z. — dee gleeft, datt sechs Pond Rëndfleesch eng gutt Z. gët (von einem ungläubigen Menschen gesagt) — Suppe gehörte zum Essen, daher: wann ee keng Z. hat, huet een nët (richteg) giess — d'Z. soll nët waarm, mä gliddeg sin — ech war naass (hu gedrëpst) wéi eng Z. (ganz durchnäßt) — e gesäit aus, wéi wann e keng warem Z. krit (blaß, schmächtig) — engem d' Fett, d'Gréiwe vun der Z. iessen (das Beste für sich vorwegnehmen, jem. übervorteilen) — Spw.: vill Geschwätz a wéineg Fett, gët moër Zoppen — übtr.: en huet sech déi Z. do selwer agebrächt (eingebrockt), da muss en s'och iessen (ausfriessen — auslöffeln) — abweisend: spuer (der) deen Otem, fir d'Z. ze blosen (versuch nicht, mich zu überreden, zu überzeugen, auch: halt den Mund!) — engem séng Z. gin (jem. zurechtweisen) — Ra.: 't gët keng Z. esou warem (gliddeg) giess, wéi se gekacht gët — spaßh., iron.: Kanner, iesst Z., sot d'Mamm, d'Z. as dat bescht, du haten se soss näischt — Ra.: e Glas Wäin op d' (no der) Z., schléit den Dokter op d'Kopp — wat gët (et) haut (z'iessen)? abschlägige Antwort: Z. an z'iessen — Z. an z'iessen (auch: großes Glas Bier u. Gläschen Schnaps); 2) a. «Essen, Mahlzeit» — d'Z. kachen — d'Z. mathuelen (op d'Feld, op d'Aarbecht, lok. z. B. Rümelingen: op de Bierg [zur Erzgrube]) — d'Kanner hun de Leit d'Z. op d' Feld gedron — op d'Z. lassgoen (zum Essen gehen); b. (bes. Ösling) «Mittagessen» — dir kënnt jo ewell fir d' Z. kommen — si hu mech op d'Z. geruff (zum Mittagessen eingeladen) — gees de mat op d'Z.? c. (Morgenessen, Frühstück) — Zeitangabe: vir Zoppen (s. virzoppen) — vir Z. schafft et sech am beschten — Zussetz.: Béchsen-, Bounen-, Brennessels-, Britt-, Brout-, Bulletts-, Buschtawen-, Ënnen-, Fleesch-, Geméis-, Gréiwen-, Grompren-, Ierbëssen-, Kabes-, Kaffis-(zëppchen), (Kaffisbräch), Kiirmes-. Kuelebrennesch-, Lënsen-, Maajhis-, Mëllech-(zëppchen), Mëttes-, Muerges-, Owes-, Päckelches-, Poretten-, Ram-, Rënds-, Rëndfleesch-, Räis-, Sauerampels-, Schmant-, Spargel-, Speck-, Stären-, Tabiokas-, Tomaten-, Träipen-, Waasser-, Wäin-, Wermischels-, Wurem- (Wiremches-)zopp — cf. Gäälswuer, Kächen sub 2), Ried sub 2), versalzen, Gréif sub 1), Hoër sub 1);
 
Zoppe(n)- -déitchen M. — im Spielreim: Bri bra / Lebita / Kutschmargréitchen / Zoppendéitchen / schlo / du / mir / an / dëse / Fläppchen (MKr. Nr. 385 für Weiler z. Turm belegt); -dëppen N.: 1) «Suppentopf»; 2)s. Ziessendëppen; -dréier M.: «Suppenträger» — dazu: -dréiesch F. — cf. Ziessendëppen; -fleesch N.: «Suppenfleisch»; -gaart, -gäertchen (lok. Mosel) M.: «kleiner Gemüsegarten, meist vor dem Haus»; -hari M., -jong M., -klos M.: «Suppenliebhaber»; -kach M.: 1) «Mann, der sich in der Küche zu schaffen macht»; 2) «Arbeiter, der das Essen (auf der Arbeitsstelle) aufwärmt»; 3) a. (abfällig) «Koch» — 't as nëmmen en Z.; b. «Pfarrersköchin» — cf. Zärekächen; -këndchen N.: «schwächliches Kind» (lok.); [Bd. 4, S. 515] -komp (Ton: 3) M.: «Suppenschüssel» — hien as den éischten am (beim) Z. an de leschte bei der Aarbecht — vill Hänn läsche vill Bränn, ma se sin der Däiwel am Z.; -kraut N.: 1) «Suppenkraut»; 2) (lok.) «Petersilie»; -kriibs M.: «kleiner Krebs»; -läffel (Ton: 3) M.: 1) «Schöpflöffel» — cf. Schäffel, Schäffläffel; 2) «Suppenlöffel»; -schank F.: «Suppenknochen»; -schossel F. — s. -komp; -teller M.: «Suppenteller» — dafür auch: en déiwen Teller — Aen ewéi en Z.; -wiirfel, -würfel M.: «Suppenwürfel» — dafür auch: Küb.
 
zoppens. zappen.
 
Zoppess. Zappes.
 
zoppnaass Adj.: «ganz durchnäßt» — dafür auch: zappnaass.
 
Zopran M. — s. Sopran.
 
Zorg, Zoreg (lok.) M. — s. Zarg.
 
Zorgo M.: «Zuckersorghum» (Wb. 06).
 
Zort I (Echt.: Sort) F.: «Sorte, Art» — eng nei Z. Grompren — eng gutt, schlecht Z. Béischten — abfällig: wat as dat fir eng Z. Leit! — 't gët allerhand Zorte (Leit), spaßh. Zus.: awer keng déi näischt iessen — mir hun der vun allen Zorten — 't as ee vun der ellener Z.
 
Zort II (Zunftspr.) F.: «Hänselbrauch» (z. B. Münze auf den Boden annageln, Brillengläser mit Papier verkleben usw.).
 
zortéieren trans. Verb.: «sortieren» — d'Grompren z. — ech hun d'Bicher emol frësch zortéiert — cf. sënneren, rafen I sub 2).
 
Zortéiermaschin F.: «Sortiermaschine» (bes. für Kartoffeln) — cf. Sënnermaschin, Trieur.
 
Zortess. Zottis.
 
Zorti, Sortie (wie frz., Ton: 1) F.: 1) «Ausgang» — ech waarde bei der (an der) Z. vun der Schmelz — d'Z. as am Kino extra beliicht — cf. Portal, Spär; 2) «Ausgang, Spaziergang» — d'Musek mécht haut eng Z. — d'Scouten hun eng Z. — ech hun haut keng Z. (sagt der Ehemann).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut