|
Ennverhäerdung
Wann den Infinitiv vum Verb e stëmmhafte Konsonant enthält, da gëtt dëse Konsonant stëmmlos, wann e bei der Konjugatioun
un den Enn vun der Silb réckelt. Beispill: schreiwen " du schreifs (net schreiws). Heiranner läit eng
vun deenen heefegste Feelerquellen an der lëtzebuergescher Orthographie, well dëse Prozess, anescht wéi am Däitschen,
am Lëtzebuergesche och verschrëftlecht gëtt. D’Ennverhäerdung kann an deenen heite Verbformen optrieden:
an der 2.P.Sg., 3.P.Sg., 2.P.Pl. (Präsens a Präteritum), am Imperativ Pluriel an am Partizip. Ca. 80 Grondverbe si vun dësem Prozess betraff. |
|