|
Kombinatiounen aus Prefixen/ Partikelen
E Verb, dat scho prefigéiert ass, kann duerch eng Verbpartikel erweidert ginn, soudatt Strukture mat zwee Prefixer/ Partikelen entstinn (kennen > erkennen > oferkennen). Dës Verbe mat initialem be- a ver- sinn net vun engem Verb mee vun engem Substantiv ofgeleet (z.B. beandrocken < Androck, veronglécken < Ongléck). |
|