|
Verben op -éieren
Dat Lëtzebuergescht huet vill Verben op éier-en, déi meeschtens op Basis vun engem franséische Verb geformt ginn: frans. félicit-er > lëtz. felicit-éier-en. An der Konjugatioun sinn dës éier-e-Verbe ganz regelméisseg. Et gëtt keng phonologesch oder orthographesch Prozesser, déi den Opbau vun de Formen ‚stéiere’ géifen. De Partizip gëtt wéi bei de regelméissege Verbe mat dem Suffix -t geformt. Wéinst der net-initialer Betounung gëtt awer ni d’Partizip-Virsilb ge- virdrugestallt: felicit-éier-en > Partizip: felicit-éier-t, net: ge-felicit-éier-t. Eenzelner vun dëse Verbe sinn Adhoc-Formatiounen, déi seele gebraucht ginn. |
|