E System fir grammatesch Informatiounen iwwert d’Lëtzebuergescht
Wiel vun der Sprooch  [lu] [de] [fr]

 

Verbe mat engem Imperfait

D’Lëtzebuergescht huet ongeféier 30 Verben erhalen, déi nach e ‚richtegen’ Präteritum an e Konjunktiv mat Vokalwiessel (stoen - stoung) oder mat engem -t-Suffix (mussen - musst) formen. De Präteritumsvokal ass meeschtens ou (éi am Konjunktiv). Eenzelner vun dëse Forme ginn haut just nach seele gebraucht (si si mat engem * markéiert).

 
Infinitiv1.P. Sg. Prét. 1.P. Sg. Prét. Cond.Iwwersetzung
bleiwen blouf bléif bleiben / rester
blosen *blous bléis blasen / souffler
bréngen bruecht *bréicht bringen / apporter, rapporter, publier
däerfen duerft dierft dürfen / pouvoir, avoir l'autorisation
denken duecht *diecht denken / penser
dierfen duerft dierft dürfen / pouvoir, avoir l'autorisation
doen *doung *déing / déit tun / faire
droen *drouch *dréich tragen / porter
duerfen duerft dierft dürfen / pouvoir, avoir l'autorisation
fänken *foung *féing fangen / attraper
falen *foul *féil fallen / tomber
froen frot fragen / demander
gesinn gesouch geséich sehen / voir
ginn gouf géif geben / donner
goen goung géing gehen / aller
hänken houng *héing hängen / pendre
halen *houl *héil halten / garder
heeschen *housch *héisch heißen, lauten, betteln / s'appeler, mendier
hunn hat hätt haben / avoir
kënnen konnt kéint können / pouvoir
kléngen *kloung klingen / sonner, résonner
kommen koum kéim kommen / venir
krauchen *krouch *kréich krauchen / ramper
kréien krut krit kriegen / recevoir,obtenir
leien louch léich liegen / êre couché, se trouver
loossen *louss *léiss lassen / laisser
maachen *mouch *méich machen / faire
missen musst misst müssen / devoir
mussen musst misst müssen / devoir
sëtzen souz séiz sitzen / être assis
sinn war wier sein / être
soen sot sagen / dire
sollen sollt sollt sollen / devoir
stiechen *stouch *stéich stechen / percer
stoen stoung stéing stehen / êre debout
wëllen wollt wéilt wollen / vouloir
wëssen wosst / wousst wéisst wissen / savoir
zéien zouch zéich ziehen / tirer
© 2008-2010 Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises, Université du Luxembourg, Peter Gilles