Trema-ë
Wann duerch d’Dobäisetze vun der Virsilb ge- oder vun der Endung -en eng Offolleg vun dräi eee entstoe géif, da gëtt op deen éischten oder op dee leschten e en Trema gesat, fir seng Aussprooch däitlech ze maachen. Beispiller: gëeegent (net: geeegent), leeën (net: leeen). Nom Schanen/Zimmer (Band 3, 2006:59) gëtt den Trema fir ze verdäitlechen och virun ie gesat (gëiergert, net: geiergert); dës Regelung huet allerdings nach keen offizielle Status. |
||||||||||||||||||||||||||||||
|
A Ä B C D E F G H I J K L M N O P Q R S T U Ü V W Z |
|||||||||||||||||||||||||||||
© 2008-2010 Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises, Université du Luxembourg,
![]() ![]() |