|
Trennbar Partikelen
Zu den trennbare Verbpartikelen gehéieren an-, aus-, (der)bäi-, dran-, drop-, drun-, duerch-, ëm-, eran-, eraus- a vill anerer. Dës
Partikele kënnen ënnert bestëmmte Bedingunge bei der Konjugatioun vun hirem Basiselement ofgetrennt ginn. Während d’Partikel am Infinitiv, am
Partizip an am Niewesaz um Verb drubleift, gëtt se an allen anere Verbformen ofgetrennt. Beispill: optrompen, opgetrompt, wann s du optromps, awer: du tromps op, mir trompen op. Partikelen op -n ënnerleien der n-Regel
(awéckelen, uruffen, mee: anzewéckelen, unzeruffen). |
|