|
Verbe mat Vokalwiessel / onregelméisseg Verben
Bei ville Verbe bleift de Vokal am Stamm net an alle Forme konstant, mee verännert sech. Dës Vokalwiessele si besonnesch heefeg an de
Forme vun der 2. an der 3. Persoun Singulier, am Präteritum, am Konjunktiv an am Partizip festzestellen. Déi traditionnel Andeelung
a staark/onregelméisseg a schwaach/regelméisseg Verbe fonktionéiert am Lëtzebuergeschen net, well de Präteritum nëmmen
nach vereenzelt virkënnt an dobäi am Präsens vill nei Vokalwiesselen entstane sinn. Déi heiten Opstellung ass eng alphabetesch Lëscht
mat deenen 160 Verben, déi e Vokalwiessel opweises hunn. En Usaz fir dëst ze systematiséieren, fënnt een bei Schanen/Zimmer (2005).
Rar Verbforme si mat * markéiert. |
|