E System fir grammatesch Informatiounen iwwert d’Lëtzebuergescht
Wiel vun der Sprooch  [lu] [de] [fr]

 

Bäisetze vun engem e

Bei munche Verbe gëtt am Verbstamm tëschent e Geräischkonsonant an e Nasallaut, deen direkt duerno steet, nach en e agesat, fir datt een d’Verbform nach ausschwätze kann, wa bis d’Personalendungen -s oder -t ugehaange sinn. Beispill: ech rechn-en, awer: du rechen-s (net: du rechns). Beim Verb ootmen ännert dernieft och d’Markéierung vum Vokal (du otems, net: du ootems).

 
Infinitiv2.P. Sg. Prés.3.P. Sg. Prés.PartizipIwwersetzung
dréchnen dréchens dréchent gedréchent trocknen / sécher
eegnen eegens eegent   eignen / êre apte
ootmen otems otemt geotemt atmen / respirer
rechnen rechens rechent gerechent rechnen / calculer
zeechnen zeechens zeechent gezeechent zeichnen / dessiner, pointiller
© 2008-2010 Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises, Université du Luxembourg, Peter Gilles