E System fir grammatesch Informatiounen iwwert d’Lëtzebuergescht
Wiel vun der Sprooch  [lu] [de] [fr]

 

Wëllkomm!

 
Luxogramm - Informatiounssystem fir d'Lëtzebuergescht

After 16 years of excellent service (2007-2024) this site is unfortunately not working any longer and will be switched off entirely soon.

For inflexion tables of the Luxembourgish verbs and their irregularities, we can recommend the site of LOD.

Luxogramm gëtt Iech grammatesch Informatiounen iwwert (bal) all d’lëtzebuergesch Verben.

Heescht et sitt oder sidd - du mechs oder du méchs - si dreiwt oder si dreift - färt, fäärt oder fäert - dir falt oder dir faalt - du schneids oder du schneits ? – Op dës Froe fannt Dir hei eng Äntwert.

Luxogramm bitt

  • eng iwwersiichtlech Duerstellung vun der kompletter Flexioun (de komplette Paradigmen) vun alle Verben an allen Zäiten
  • faarflech Markéierungen an Explikatiounen iwwert Onregelméissegkeeten a Schwieregkeeten, iwwert déi ee gäre fält
  • Klasséierung vun de Verben no hire verschiddene grammateschen Eegeschaften (Hëllefsverben, Modalverben, Onregelméissegkeeten, ...)
  • flexibel Méiglegkeeten, fir no Verbformen an Iwwersetzungen (op Däitsch a Franséisch an deelweis och op Englesch a Portugisesch) ze sichen
  • deelweis och Indikatiounen iwwert Varianten

U wie riicht sech Luxogramm?

  • Mammesproochler fannen hei zouverléisseg Informatiounen iwwert d’Schreifweis vun de Verben
  • Déi, déi d’Sprooch léieren, fannen Informatiounen iwwert d’Konjugatioun
  • Interesséierter un der Sprooch kënne Recherchen iwwert grammatesch Phänomener duerchféieren (z.B.: Wéi eng Verben hunn nach e Präteritum?)

Wéi de Luxogramm ze benotzen ass

  • Iwwert d’Alphabet riets kënnen déi entspriechend Verben opgelëscht ginn.
  • Op Verben, déi no bestëmmten Onregelméissegkeeten zortéiert sinn, kann iwwert d’Navigatioun lénks zougegraff ginn.
  • Mat dem Sichfeld uewe lénks ka ganz kammoud no Infinitiven, Verbformen oder och Iwwersetzunge gesicht ginn (versicht: ‚verluer’, ‚versuchen’, ‚chirp’).

Quellen
D’Verbe goufen aus verschiddene Quellen zesummegestallt, iwwerpréift a korrigéiert:

  • Braun, Josy/ Johanns-Schlechter, Marianne/ Kauffmann-Frantz, Josée/ Losch, Henri/ Magnette-Barthel, Geneviève (2005): Les verbes luxembourgeois. – Mamer.
  • Schanen, François/ Zimmer, Jacqui (2005): 1, 2, 3 – Lëtzebuergesch Grammaire. 1. Groupe verbal. – Esch-sur-Alzette.
  • Luxemburger Wörterbuch (1950/54-1977). Im Auftrage der Großherzoglich Luxemburgischen Regierung herausgegeben von der Wörterbuchkommission, auf Grund der Sammlungen, die seit 1925 von der Luxemburgischen Sprachgesellschaft und seit 1935 von der Sprachwissenschaftlichen Sektion des Großherzoglichen Instituts veranstaltet worden sind. – Luxemburg.
  • Vill eegen Ergänzungen

D’Verbforme stinn an der aktueller lëtzebuergescher Orthographie a si gréisstendeels un déi am LOD (Lëtzebuerger Online Dictionnaire)  publizéiert Formen ugepasst. Méiglech Variante sinn deelweis uginn. Op orthographesch Zweiwelsfäll gëtt am Feld ‚Remarquen’ ënnert de Verbformen higewisen.
Luxogramm ass keen Dictionnaire vum Lëtzebuergeschen, mee ass éischter als grammatescht Noschlowierk geduecht. D’Iwwersetzunge solle just Unhaltspunkt sinn, fir d’Bedeitung vun de Verbe ze gesinn. Informatiounen iwwert Dictionnairë fannt Dir hei.

Déi franséisch Sproochversioun ass nach net disponibel.

Géift Dir Ongenauegkeeten oder Feeler fannen, dann deelt eis et w.e.g. mat. Mir freeën eis iwwert all Réckmeldung an Umierkung. E-Mail un peter.gilles@uni.lu

© 2008-2010 Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises, Université du Luxembourg, Peter Gilles